D'Rumeur huet alt scho mol zirkuléiert, elo ass et definitiv: Villeroy & Boch zu Lëtzebuerg mécht seng Dieren zou, déi ganz Produktioun gëtt gestoppt. Dat kruten d'Regierung an d'Gewerkschaften de Freidegmoie matgedeelt.
Den Ament schaffen nach knapp 300 Leit an der Parzeläinsfabréck am Rollengergronn; virun 8 Joer waren et der nach méi wéi duebel souvill.
De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké ass rosen iwwert d'Aart a Weis, wéi Villeroy agéiert. Hien huet d'Impressioun, wéi wann d'Pläng fir zouzemaache schonn zanter Joren feststinn a wéi wa Villeroy der Regierung eppes aanescht virgemaach hätt ...
Tentative de traduction :
« La rumeur a donc déjà parfois circulé, maintenant c'est définitif : Villeroy & Boch au Luxembourg, ferme ses portes, toute la production est arrêtée. La direction et les syndicats l'ont annoncé ce vendredi matin.
Actuellement à peine 300 personnes travaillent encore à l'usine de porcelaine à Rollingergrund ; il y a 8 ans, ils étaient encore plus du double.
Le Ministre de l'Économie, Jeannot Krecké, est en colère contre la façon dont Villeroy agit. Il a l'impression que le plan de fermeture avait déjà été décidé depuis des années, et que la direction de Villeroy avait présenté la chose autrement ».